Katy Medernach: De Liewensmëttel-Foussofdrock, wat ass dat?
Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM - Podcast tekijän mukaan ASTM - Action Solidarité Tiers Monde
Kategoriat:
Gaascht: Katy Medernach Katy Medernach schafft un de wëssenschaftlechen Hannergrënn fir eng Ausstellung vu SOS Faim, Frères des Hommes an der ASTM zum sougenannten Liewensmëttel-Foussofdrock. Wat huet et domat op sech? Wéi huet sech eis Ernierung an de leschte Joerhonnerten entwéckelt a firwat leide Baueren am Globale Süden haut nach Honger? Firwat geet et net duer de CO2-Foussofdrock vun eisem Iessen ze berécksiichtegen? Ass et richteg dass sech ëmmer op d’Fleesch als den Haaptproblem konzentréiert gëtt? Kann Lëtzebuerg iwwerhaapt selwer genuch produzéieren oder musse mir importéieren? Dës an aner Froe beschwätze mir an dësem leschten Episod vum Podcast vun der drëtter Saison virun der Summerpaus. D’Gespréich ass op Lëtzebuergesch. Links: Campagne “Changeons de Menu” vu SOS Faim: https://changeonsdemenu.lu/empreinte-alimentaire/ Campagne “Sou schmaacht Lëtzebuerg”: https://www.sou-schmaacht-letzebuerg.lu/de Kultur mam Anne Iss was?! : Tiere, Fleisch & Ich / Herausgeberin ist die Heinrich-Böll-Stiftung https://www.a-z.lu/discovery/fulldisplay?docid=alma990015903150107251&context=L&vid=352LUX_BIBNET_NETWORK:BIBNET_UNION&lang=fr&search_scope=DN_and_CI&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=DiscoveryNetwork&query=any,contains,iss%20was&offset=0 www.citim.lu